Eierlech gesot,
oder nët
Eierlech gesot
ech mengen
oder nët ?
Ech gesin dat esou,
dach serieux
mengs de nët ?
Et as esou e Gefill,
verstéi mech nët falsch !
Also, irgendwéi
vläicht
heiandsdo
op éng Manéier
oder nët ?
Neen ?
Firwat dann ?
Ech mengen,
éierlech gesot
du verstees dat nët
Enges Dags
Muenchmol kënnt
an de Sënn
datt muer alles schonn al
datt énges Dags
alles vergeet, alles rascht
guer nët méi do
wat haut nach Plo
an Tréine kascht
wat haut nach freet
a laachen deet
wichteg erschéngt
an alles bréngt
wou dat an dët
an onser Mëtt
haut nach all Sënn ergët
Muer geschwënn
as alles schonn al
an énges Dags verschwonn
Buedem dréckt kal
tëschent all deem an der Sonn
an de Sënn
läit dënn
erfruer a gefaang
an éiweg laang
‘t geet duer !
Kéng Fro
kéng Plo
hei an do
versichen
ze sichen
a Gonscht ze stoon
léiwes ze soon
nët wéi ze doon
alles Konscht
ouni Brout
De Kloos
as dout
den Aaf
gët ofgeschaaf
de Kapp
nët opgekraazt
de Nerv
stabil geloos
Viirwërf - Stress
Gewëssen - Stress
Jhalousheet - Stress
Gekloos
Verroot
du has dach gesoot
Naass vu Schweess
Haass nom Glas
Stopp
Op d’ Faass
Polverfaass
Stolz
Roserei
Beschass
De Läpp as lass
De Rimm läit erof
Wäit erof
Schoof
Du bas fräi
Ma dech lass !
Erënnerung
Dat Gedrénks hei
kloot no onser Zäit
well bei dir
do hat ech dat
fir d’ éischt probéiert
an iwerhapt
d’ Drénke studéiert
All Drëps
verjoot
e Grimmel Stëps
op der Erënnerungskëscht
déi sou
vun Zäit zu Zäit gerëscht
bis énges Dags
alles vill ze vill wäit
an d’ Gefill begruewe läit
Relatioun
gefillt
gespillt
gezillt
gedrillt
gebillt
gekillt
Onbeschwéiert
Hu Geescht an Häerz sech fond
a rappen nët méi uneneen
dann as de Mënsch gesond
därf hien sech onbeschwéiert freen
Op d’ Wo geluecht
Lee näischt
op dat gëlle Stéck
do kräischt
dat schéinste Gléck
Verzweiflung
Ech wëllt
ech wär sou frou
sou richteg lass
wanns du bei mir bass,
sou frou
wéi ech traureg sin
wa mir ons nët gesin
Paus
Gonn dir éng Paus
fir traureg mol ze gin
fir nei nees ze gesin